Samstag, 28. Juli 2012

Departure !

Muer ass et sou weit. 
Zu 5 Meedercher fléien mir den 1.August um 19:15 vun Lëtzebuerg fort fir en 2. August um
17:40 zu Kapstadt unzekommen. Et wärt eng laang Rees ginn, an mir hunn genuch Zäit eis besser kennenzeléiren.

Hei déi genau Tëschelandungen :

19h15 mat Luxair op Mailand 20h25
22h15 mat Qatar Airways op Doha 05h05 
07h15 mat Qatar Airways op Johannesburg 14 :30
weider bis op Kapstadt 17h40

Ee Mount laang wäerte mir de Projet Bonnievale ënnerstëtzen (http://bonnievale.org/english-1/the-project/) an während der Woch do eng Hand mat upaken.
Mir schlofen op enger Farm net weit ewech vum Projet.(http://www.merwenstein.co.za/)
Weekends ginn mir en bëssen d’Ëmgéigend vun Bonnievale kucken wou ma dann eben an Hotellen oder Jugendherbergen schlofen.

Mir sinn alleguer immens gespaant op eis Rees an freën eis wann dir eise Blog wärt liesen an natierlech och w.e.g kommentéiert.

bis geschwenn,

Frutzi


Aaahhh!!! 
Tomorrow evening, 1st of August, on 7.15 pm, after lots of preparations, the adventure will start :):):)

5 girls from Luxembourg ( Cassandre, Lena, Frutzi, Anne and Joelle) will tracel until 31st of August to South Africa to work on th Bonnievale Project.

After more the 20 hours of travelling with stops in Milano, Doha and Johannesburg, we will arrive on the 2nd of August in Cape Town.

Further information will come soon :) We hope that you are interested in our African experiences and so read and commentate ou blogg

Kinds regards
Joëlle