No annerhalwer Stonn sin
mer zu Mailand geland. A schon haaten mer deen eischten Problem: Den Transfer
Desk, wu mer eis weider boarding karten sollten kreien, wuar schon zou! Deen
eischten deen obgetaucht ass, wuar den italieneschen Zoll, leider konnten die
just beschränkt Englesch. Die hun dunn eng Veirelstonn gebraucht bis datt dei
eis soen konnten datt mer just duerch d passkontroll missten goen fir deen
nechsten Transfer Desk ze fannen. Erstaunlecherweis sin mer do ob eng flott
attractiv Italienerin gestouss, dei dunn suguer gudd Englesch geschwaat huet ;)
An mier kruten all eis tickets vun Qatar Airways vun Mailand bis Kapstadt
(Plaatzen beieneen ;)). Dono hun mer dunn eis vum Kolleisch geleinten Kamera
ausprobeiert =).
Mier haaten en agreablen Fluch duerch d Nuet
mat eegener Tele. Leider kruten mer ned vill Schlof an sin dunn moies um 05:00 zu Doha gelandt. Dieren sin
obgaang an dem Joelle an dem Cassandre hier Brellenglieser sin ugelaaf wi wann
een eng wuarm Spulmaschine obgemaat hett =
40°. Zu Doha ob der Toilette du hun mer entdeckt datt et an deem Land keen
kaalt Waasser gett: d Waasser wuar gliddeg an d toilettendecken hun der den
Henner gehetzt ;)
Wi mer dunn zu Doha um
Flughafen ze wuarden sutzen, sin eis männlech, gleeweg menschen obgefall, di gebiet
hun (ramadan), respektiv gepennt hun ;)
Wieder gung ed. Ob
johannesburg. De Flieger wuar eng Boing 777, mat 9 Plaatzen an der Reih, 2
Couloiren an 10 Toiletten. =) Zu Johannesburg hun mer dem Cleaning Staff eng
hallef stonn am Flieger Gesellschaft geleegt bis datt mer dunn mad engem hallef
eidelen Flieger wieder ob Kapstadt geflunn sin. Zu Kapstadt hun mer voller
Freed all eis Baggagen empfaang, an sin dunn eisem AWESOME TAXI DRIVER an d
Aerm gelaaf: dem Mark Powell, e coolen Typ J Eis fahrt huet 2h30 gedauert, laanscht Slums,
chicken factories an iwwer strossen ouni luten, belicht duerch de Mound. An
deenen leschten 500 Meter hun mer di richteg afrikanesch Strossen kennen
geleiert an eis natierlech verrant :P nodeems mer dunn eng Téitsch an den Unhenger
vum Taxifuerer gemaat hun, ass den Hugo eis retten komm an huet eis ob de
richtegen Wee gefeuert. Fier den Ofschloss vum Daag kruten mer dunn selwer
gemaaten Quiche mad afrikanescher Zalot (Wuerzel, Cellerie, Fenchel an
Zalotblieder). Am Haus ass et souuu kaal dass ma baal erfruer sin, soumat och
eis Better..bibber bibber
Den 03.08.12 ass den Wecker
schon um halwer 8 rem gaangen.Mir sin bis feirel fir leien bliwen well et kaal
ass. Mir hun Kaffi oder Tei gedronk an Schmieren giess mat Gebees. Um Veirel ob
8 sin mer mam Marloes richtung Project Bonnie People obgebrach an hun fir di
eischten Keier Creche an d Kanner gesin. Mier guffen kuerz virgestallt an dunn mam
Juri hun mer en Tour duerch den Plakkerscamp, 1 km vun der Creche fort, gemaat.
Leider sin eis do ganz vill Kanner entgeint komm a nogelaaf, di ned an d Schoul
gin… Si liewen ob klengstem Raum an blechenm selwer gemaaten Hütten, an dach
schengen se frou iwwert daad waad se hun. Si probeieren hier „Heiser“ ze
dekoreieren. An wenken a laachen wann een laanscht se fiert. Amatten vun de
Bewunner fennt een Källefcher, Hinger, Kaatzen a vriun allem Henn.
Als Nächst hun mer d
Bonnievaler Keisfabrik besicht, Gouda an Cheddar geschenkt kritt. Als nächst
sin mer en Wainhändler besichen gaangen an do kruten mer en Wundertrank
(TimJan) an Liebestrank zeschmaachen.. LekkerLekker. Dun ass d Visit direkt
wieder gaang op d Policestation, do waaren mir enner aanerem am Gefängnis
hannen am Bucky an hun eis richteg wie Verbriecher gefillt… haha. Fir
zeresumeieren waaren all d Leit dei mer kennengeleiert hun fuechtbar herzeg,
open an besonnesch, also haaten mer lauter positiv Begeignungen. =)
Fir d Mettegiessen bis bei
een scheinen Floss, no bei der Farm, getreppelt fir do d Sonn an d Gesellschaft
zegeneissen. Gestresst as sin mir sou schnell wie meichlech zereck an d
Creche „gefuer“, well d Joelle huet seng
eischt Erfahrungen mam Minibus gemaach: Greissten Problem -> den 1. Gangk
anzeleen ;)
Eisen Nometten hun mer dun
domat verbruecht en argentinischen Danz zeleieren an nach bessen mat deenen mei
aalen Kanner zelaachen an zesspillen. Akrobatesch sin se op allen Fall.
Fir Heem as d Joelle rem
gefuer (et geht emmer besser) mir hun geduscht, geschwat an eis an der wärmster
Kummer opgewiemt an vun all eenzel Heizung (et gin der 2 =50x50 cm)
profiteiert. Owes ass et fir eis immens kaal, me si sin Haart an laafen mam
Short duech Geigend. Als Owesiessen huet
d Cacilia immens gudd gekacht. Et gouf Pangecher gefellt mat Poulet an Champignonen,
dobei Zalot. Mir souten all zesummen op engem Desch (9 Leit). Et wa ganz flott
an vill Gespreich iwer Schoul, Länner an Beruffer. Als Dessert gouf et
Pangecher mat Zocker ;) Dono hun mir gespullt an elo setzen ma erem an der
Kummer an hun mei wie 1 Stonn gebraucht fir daat hei ze schreiwen. Hiiihi
Gudd Nuecht
An der Zell
Op der Wipp
D Anne op der Rutsch
D Joelle mam Luan
D Frutzi mam Meggan
Our first flight to Milano was totally fine. At the airport we had
difficulties to find the transfer desk because those were all closed. The customs
officers could hardly speak any English but they managed to help us. We just
had to go through the passport control. After getting our tickets we got on our
next plane to Doha
where we have been surprised by the extremely hot temperature at 5 a.m. after
our landing.( 40°C). Our next plane took us to Cape Town
with a little stop in Johannesburg.
After receiving our five baggage Mark Powell, our driver, drove us to
Merwenstein Guest Farm. Arriving at the farm Marloes, a young teacher and ex-volunteer of the project,
served us a nice dinner. Is was very cold in our bedrooms and so we fell asleep
with sold feet.
The next day we got up at 7:45 a.m. and after having breakfast Marloes drove
us to Bonnievale Project where we saw the children for the first time. She introduced
us to the several teachers. Juri joined us to the Plakkerskamp where are living
the poorest of the poorest. Our next stops were: the local cheese factory, wine
seller and police station. Being back at the project we played with the lovely
children who are very devoted and ask for hugs.
Afterwards, we troll with Marloes to a beautiful river to relax while
enjoying our pick nick.
Unfortunately, we haven’t had much time because a friendly lady was
waiting at the project to teach older kids an Argentinean dance. We joined them
and had lots of fun.
In the evening, after sunset, it was getting very cold again.
Marieta prepared a “lekker” diner which was enjoyed together with our
guest family.
Having finished the washing up, it took us more than an hour to write
this comment.
Good night
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen